Dëse Projet bréngt Partner zesummen, déi an hirem spezifesche Kontext an an hire Léier- an Unterrechtspraxisen mat pädagogesche Problemer, virun allem vu schutzbedürftegen a benodeelegte Persoune, schaffen. De Projet thematiséiert methodologesch Problemer vum Schaffen a vum Uwenden vun ugepasst pädagogesche Spiller. Erwuessener léieren duerch hir perséinlech Erfahrungen, an eng intensiv Selbstreflexioun verännert Denkweisen a festgeluegte Schemen.
D’Denkfabrek THINK TANK ass iwwerzeegt, datt Spiller a spilleresch Aktivitéiten Technike sinn, déi den Ëmgang mat der Zilgrupp erliichteren a gläichzäiteg d’Entfalung an d’Integratioun op der Kognitiver-, op der Gefills- an op der Verhalensebene förderen. Dat sozialt an emotionaalt Wuelbefanne, grad sou wéi Léieren a Kreativitéit ginn ënnerstëtzt.
Dernieft erkennt de Projet d’Noutwennegkeet, datt
- pädagogesch Strategien, déi sech bis dohin als effizient erwisen hunn, un nei Ëmweltbedingungen ( Stress, Aarbechtsdrock, Konflikter...) ugepasst musse ginn
- Trainere mussen erzéieresch Mëttele kréien, fir kënnen d’Gefill vun der Zesummegehéiregkeet ënnert de Participanten ze kreéieren.
- Traineren mussen duerch effizient pädagogesch Praktike motivéiert ginn, an hir Aarbecht muss wäertgeschatzt ginn
- d‘ Roll vu sougenannten „ale Spiller“ ( Rollespiller, Fotosprooch, pädagogesche Spiller ...) nei muss definéiert ginn
D’Zil vun der Partnerschaft ass et , Leit aus ënnerschiddlechen europäesche Kontexter ze verflichten, déi bereet sinn, hiert perséinlecht Engagement an hir Suerg ëm Ausbilder a Mataarbechter déi mat schutzbedürftegen Zilgruppe schaffen, ze iwwerdenken.