You are here

Error message

User warning: The following module is missing from the file system: entity. For information about how to fix this, see the documentation page. in _drupal_trigger_error_with_delayed_logging() (line 1143 of C:\web2\lifestyles\includes\bootstrap.inc).

Projet

De Projet brengt Partner zesummen, déi an hirem eegenen speziellen Ëmfeld, souwéi an hiren Methoden fir ze léieren an ze enseignéiren, mat praktischen pädagogischen Mëttelen mussen emgoen fir Leit vun ënnerschiddlichen Generatiounen anzebannen..

D’Ziel besteet dorann Opfaassungs - Barrièren ofzebauen, déi evtl eng Zesummenarbecht zwëschen dëse Leit erschwéiren.

D’Partner vun dësem Projet hunn festgestallt datt et e Bedierfnes un neien Léiermethoden gëtt, déi den Generatiounsfaktor berücksichtegen.

De Projet geet dovun aus, datt dat genaut Iwwerpréifen vun intergenerationellen Aspekter, vun dene verschiddenen Altersgruppen, d’Opfaassung op eng ganz entscheedent Manéier verännert.

Duerfir bezitt de Projet sech op zwee wichteg Aspekter vum Léierprozess:

  1. E Modell den klassisch Pädagogie mat Gerontopädagogie kombinéiert;

durch Aussschaffen an Entwëckelen vu gemeinsamen Léiermethoden fir Schüler, Léierpersonal a Mataarbechter, an ënnerschiddlichen Altersgruppen.

  1. Een Contenu den universal Liewensberäicher beschreiwt

         durch Entdecken, Beschreiwen, an Duerstellen vu wierklichen Liewensstil Portraitsen aus verschiddenen virbestëmmten Altersgruppen, déi sech mat dem sellwechten Liewensstil Parameter befaassen.

durch Realiséiren, wat fir eng Interessengebitter, déi Senioren un déi jonk Generatioun weiterginn können, nëtt an de Schoulen oder durch divers Medien geléiert ginn.

An och ze entdecken, wat jonk Mënschen deelen können, wat nett eleng op nei Technologien beschränkt ass.

D’Associatioun wëll Leit vu verschiddenem europäischen Urspronk matabannen fir hir perséinlich Astellung zu intergenerationnellen Aspekter ze entdecken. D’Liewnsstiler ginn als algemengt Medium benotzt.

D’Zil ass eng Erweiderung vum Bewosstsinn a Bezuch op den europäischen Liewensstil, a verschiddenen Liewensofschnëtter bannen ënnerschiddlichen Kulturen.

D’Resultater vum Projet ginn gesammelt a Form vun engem illustréierten IG Léierbuch mat verschiddenen Liewensstiler an dene bëschten Methoden. Dëst Buch soll zum allgemengen Gebrauch benotzt ginn.

Luxembourgish

Theme by Danetsoft and Danang Probo Sayekti inspired by Maksimer