Den europäeschen Impakt ergëtt sech aus der Zesummenaarbecht, wat aus “Deelen an Austauschen” besteet an duerch dat d’Participanten, d’Schüler an d’Mataarbechter vun enee a vun deenen aneren hirer Liewensweis léieren.
D’Zilgruppe vum Partenariat si Persounen aus ënnerschiddlechen Altersgruppen an ënnerschiddlecher Herkunft a Liewensweis, wat de fundamentalen Aspekt vum Projet ausmécht.
D’ Partenariat bréngt Mënsche beieneen, déi sech mat Froe vu generatiounsiwwer-greifender Problematik beschäftegen. D’Zil ass et, ee méi grousst Bewosstsënn ze schafen, wat di verschiddene Liewensweisen an Europa, di verschidde Liewensabschnitter an dëst bannen ënnerschiddlecher kultureller Zesummenhäng ugeet
De Programm wëllt di europäesch Zesummenaarbecht förderen andeems di bedeelegt Partner iwwert Froen diskutéieren a sech austauschen, fir sou d’géigesäitegt Verständnes an d’Offenheet ze förderen.
Fir all Concernéiert ass et wichteg, an och d’Zil, zu enger grousser Eenheet ze gehéieren, déi sech mat ähnleche Froe beschäftegt a nei Horizonten, déi aus de Kontakter mat de Partner an aus dem Geléierten enstinn, opmécht
Theme by Danetsoft and Danang Probo Sayekti inspired by Maksimer