You are here

Error message

User warning: The following module is missing from the file system: entity. For information about how to fix this, see the documentation page. in _drupal_trigger_error_with_delayed_logging() (line 1143 of C:\web2\lifestyles\includes\bootstrap.inc).

Motivatioun

D’Partner sinn der Meenung, datt d’ Leit  aus verschiddene Generatiounen  d’Bedierfnes hunn  ënnereneen a Kontakt ze bleiwen. Di praktesch Erfahrung an der Aarbecht mat Kanner, Elteren, Léierpersonal a Seniore weist, datt a ville Beräicher vum Liewen, och an der Erzéiung, eeler Mënschen a jonk Leit d’Bedierfnes hunn sech ze verstoen a sech bewosst ze  ginn, datt all Generatioun sech mat hire Schwieregkeeten muss auserneesetzen.

Fir de sozial Kohärenz ass et wichteg, datt an de Bezéiungen an an de Familljen, Kanner, Elteren a Grousselteren d’Geleeënheet hunn oder kréien, hiert Wëssen an hir Erfahrung matzedeelen an auszetauschen. D’Partner mengen, datt dës iwwergreifend Léiersituatiounen net dacks genuch méi stattfannen an dofir eng méi breet Basis soll geschafe ginn, wou Organisatiounen déi an di verschidde Beräicher vun der Erzéiung agräifen,  ënnerstëtzt solle ginn.

Zu Hannut an der Belsch proposéiert a leet ZEBRA thematesch Aarbechtsgruppen, Austauschséminairen a Studiekreesser a kënnt sou der Nofro vu lokalen Institutiounen aus dem ëffentlechen a private Beräich vun der Erzéiung an aus dem sozialen Encadrement no. Léierpersonal, Mataarbechter vun Associatiounen, Traineren a soss nach concernéiert Leit gi mat abezunn.

Zu Fasano an Italien, am Zentrum fir permanent Erzéiung (CTP) huele Mataarbechter, Studenten a Membere vu  verschiddenen Institutiounen, am Alter tëschent 18 a 60 , u gemeinsamen Aktivitéiten am Beräich vun der Erzéiung souwéi u Coursen déi di ënnerschiddlechst Lücken tëschent de Generatiounen thematiséieren, deel.

Zu Ettelbréck (Lëtzebuerg) si sozial Kontakter tëschent lokale Senioregruppen a Jugendorganisatiounen dacks schwiereg. Et gëtt awer genuch Spillraum fir vuneneen ze léieren.

Zu Warschau (Polen) si fir blann a sehbehënnert Leit spezifesch ugepasst Léiermethoden noutwenneg fir si aus der Isolatioun zu huelen an hinnen den Zougang zu Wëssen ze erméiglechen.

Zu Famalicao (Portugal) goufen nei  Coursen ( EFA- Coursen) am Beräich vun der Erwuessenebildung geschafen,an déi dann  och  Studenten aus dem Secondaire a Persoune verschiddenen Alters opgeholl ginn.

Zu Alicante (Spuenien) well d’UPUA d’Bezéiungen tëschent Studenten an Enseignanten  aus allen Altersgruppen, op der Uni duerch d’Deelhuelen u kulturellen a schouleschen Aktivitéite förderen. Den Haaptakzent leit op der Entwécklung vu Léierprogrammer fir Senioren , déi sech Wëssen am Beräich ICT uneegne wëllen an dës dann och weider ginn.

Zu Beypazari (Tütkei) huet, KIZ TEKNIK ve MESLEK LISESI duerch verschidde Programmer Kanner an Erwuessener zesummebruecht. Erwuessener a kleng Kanner benotze bei diversen Aktivitéiten, déiselwecht Raimlechkeeten, wouduerch ee vun deem anere léiere kann.

 

Luxembourgish

Theme by Danetsoft and Danang Probo Sayekti inspired by Maksimer