Luxembourg / Lëtzebuerg

Club Senior Nordstad

1990610044799
B.P. 54
L-9001
Ettelbruck
00352 2681 3743
nordstad@clubsenior.lu
www.nordstad-clubsenior.lu
Mrs Barbara Wiesen-Pankratz - Chargée de direction
00352 2681 3743
wiesen.nordstad@pt.lu

The non-profit association: "ASBL Club Senior Nordstad" offers different activities for seniors up to 50+ in order of the family ministry and 9 regional communities. This region is the 3rd biggest in the country and it is called "Nordstad". About 8000 people over 50 years are living in this rural developing region.

Club Senior Nordstad’s concept is to create, organize and to realize activities for valid seniors 50+. Those people are all independent, living in their own homes or apartments, some of them are retired, others are still working, a lot of them live alone. They all have different interests and abilities and we try to discover their needs and care about their vitality and activity. For our lifelong learning courses we engage freelance teacher and trainer. The main types of activities are: trips and journeys, lifelong learning and culture, sports, consulting and information, healthiness and wellness, sociability, creativity and new technologies. To avoid isolation we provide opportunities for social contacts, health prevention by activation and information, integration, encouragement of volunteers and intergenerational dialogue. Our concept is to offer our activities in different communities and their villages, because many seniors are not able to drive cars and the public transport is difficult to use and takes a lot of time.

With this new project we would like to connect people of different groups of age, different language skills, living in different villages, with different social background. To play games is popular in all country, in all age group, men and women, adults and children, from history till today the people likes to play games. We can share traditional games between the European partners, we can learn new games, we can create new games, we can compare different games. We can learn something special by using a game. Teacher and Trainer can use games as methodical instrument for their teaching. We would like to integrate games in our regularly lifelong learning courses. We like to offer intergenerational games and games for people with different language skills, because in Luxembourg we have 3 national languages.

Our particular role in this project, besides the common ones for all, will be to coordinate and to manage the project by keeping in contact with all partners.  Distribution of information and results to every partner association. Coordinating Meeting Dates, Places and Planning.


De Club Senior Nordstad A.s.b.l ass eng Associatioun ouni Gewënnzweck, déi Aktivitéite fir Leit iwwer 50 Joer ubitt. De Familljeministère a 9 regional Gemengen aus der Nordstad schaffen enk mat der Associatioun zesummen. An dëser ländlecher Géigend wunnen ongeféier 8000 Leit , déi méi wéi 50 Joer al sinn.

D’Konzept vum Club Senior Nordstad besteet doran, Aktivitéite fir vital Leit 50 + ze kreéieren, ze realiséieren an ze organiséieren. Dës Leit wunnen an hirem eegenen Haus oder Appartement si meeschtens onofhängeg. Verschiddener sinn a Pensioun, anerer schaffen nach. Vill vun hinne wunnen alleng. De Club Senior versicht raus ze fannen, wat si interesséiert, wat si maachen an erliewe wëllen, wat si nach fäheg sinn ze maachen a bitt deementspriechend Aktivitéiten un. Fir eis Life Long Learning Coursen engagéiert de Club Senior freelance Traineren.

 D’Haaptaktivitéite sinn:

  • Ausflich a Reesen organiséieren
  • Kultur de Leit méi nobréngen
  • Weiderbildungs- a kreativ Coursen ubidden
  • sportlech Aktivitéite proposéieren
  • den Interesséierten Informatiounen a Berodung iwwert Gesondheet, Sécherheet a Wuelbefanne ginn
  • de Senioren di nei Technologië méi nobréngen
  • ......

 Mir bidden d’Méiglechkeet un, sozial Kontakter ze fleegen oder opzebauen, hëllefe Leit sech ze integréieren a sech kierperlech a geeschteg ze betätegen an doduerch fit ze bleiwen a Krankheete virzebeugen. Bei verschiddene vun eisen Aktivitéite greife mir op Fräiwëlleger zeréck. Op de generatiounsiwwergreifende Kontakt ( Jonk – Al) leet de Club Senior Nordstad vill Wäert. Mir bidden dës Aktivitéiten a deene verschiddene Gemengen un, sou datt jiddweree ka matmaachen, well vill Seniore fueren net méi mam Auto an den ëffentlechen Transport ass dacks ganz zäitopwändeg.

Mat dësem neie Projet géife mir gär Leit aus verschiddenen Altersgruppen a soziale Schichten, aus verschiddenen Dierfer vun der Nordstad a Leit déi veschidde Sprooche schwätzen, beienee bréngen. Spille war zanter jeehier an alle Länner beléift, op Mann oder Fra, jonk oder al. Mir wäerte Spiller spillen, déi et an all Land gëtt , nei Spiller léieren, nei Spiller erfannen a Spiller matenee vergläichen. Mir kënnen eppes ganz Spezielles duerch Spille léieren. Enseignanten an Trainere kënne Spiller als methodescht Material asetze fir de Leit eppes bäizebréngen.

Eist Zil ass et och, bestëmmte Spiller an eis normal Life Long Learning Coursen anzebauen a generatiounsiwwergreifent Spiller, souwéi Spiller déi vu Persounen , déi verschidde Sprooche schwätzen, unzebidden.

Eis besonnesch Roll an dësem Projet ass et, de Projet ze koordinéieren an ze leeden. Mir bleiwen a stännegem Kontakt mat alle Partner , ginn d’Informatiounen an d‘Resultater weider un all bedeelegt Associatiounen: Meetingen, Datumen a Planung.