Relevanz

Dat gemeinsaamt Schaffe vun de Partner ass eng zolidd Grondlag fir:

  • Nei Kenntnisser an Erfahrungen am Beräich Sozialiséierung ze kréien, an dat duerch d’ Benotze vun ënnerschiddleche Spiller aus deene verschiddenen europäesche Regiounen a Länner
  • Ee bessert Verstoe vu  Kommunikatiounsschwieregkeeten tëschent Aussenssäitergruppen an der Gesellschaft
  • d’Erkenne vu Verännerunge vun de sozioekonomesche Bedingungen an Europa

D‘ Aufgaben an d’Studiekreeser vun de Partner féieren zu bessere soziale Kontakter an enger méi dynamescher Entwécklung vun der Organisatioun. D‘ Loscht op méi an ähnlech Projeten, déi d’Wëssen an d’Méiglechkeete vun Traineren, Mataarbechter a Participanten fördert, gëtt entwéckelt an ënnerstëtzt.

D’Organistioun wënscht sech ee bessere Kontakt mat aneren Organisatiounen, fir d’Gefill vun der lokaler Isolatioun ze eliminéieren a sou kënnen un der Entwécklung vu neien, spillereschen a performante Kontexter deelzehuelen.

D’Resultat ass, datt all Organisatioun aus der Zesummenaarbecht mat hire Partner Notzen zéit a besser Fäegkeeten am Beräich vum Projektmanagement developpéiert.

 

Luxembourgish