Afloss

De Projet viséiert  haaptsächlech zwou Gruppe vu Leit

  1. Apprenanten, déi eng spezifesch Methodik, speziell Strategien an Techniken bei hirem Léierprozess brauchen
  2. Trainer an Erzéier, déi mat schutzbedürftege Mënschen a soziale Gruppen ( onqualifizéiert jonk Mënschen, Behënnerten, Prisonéier, Migranten, Senioren...) a Schoulen an an aneren Ariichtunge schaffen.

Spezifesch Aflëss op all Bedeelegter

Engersäits wäerte Participanten Notzen aus de verschiddenen ugewannte Methoden zéien, dat heescht, de Wäert vun zwëschemënschlechen a soziale Bezéiungen erkennen. Anersäits hunn Traineren an Ausbilder d’Méiglechkeet sech ënnerteneen auszetauschen a kënnen hir pädagogesch Strategië verbesseren, souwéi och nei an innovativ Iddien ausprobéieren.

Spezifesch Aflëss op manner priviligéiert Leit

Eler Persounen, Migranten, Prisonéier, psychesch labil Persoune profitéiere vun de Kenntnisser vun Traineren, déi hir Erfahrungen op europäeschem Plang gesammelt hunn.

Spezifesch Aflëss op Mataarbechter an Organisatioun

D’Gefill zu enger „Aussersäitergrupp vun Traineren“ ze gehéiere gëtt minimiséiert, doduerch datt een eng wichteg Roll an der Partnerschaft iwwerhëlt. Di innovativ pädagogesch Praktiken, wéi d’Spillen, bréngen d‘ Gefor mat, datt d’ Organisatioun net eescht geholl, a souguer d’Glafwierdegkeet a Fro gestallt gëtt.

Luxembourgish