D’ Bedeitung vum Projet op europäeschem Plang

D’Bedeitung vum Projet op europäeschem Plang ergëtt sech aus  dem Prozess vum Austausch an Deele vun Erfahrungen.

Di verschidde Spiller a Spillmanéiere vu verschiddenen nationalen a regionalen Originë förderen d’Schafung vu kreativen Atelieren.

D’Partnerschaft vun deene verschiddene Länner vermëttelt ee méi grousst Bewosstsinn an d’Kenntnis vun de verschiddenaartege Léiersituatiounen vu Participante quier duerch Europa. Di erzéieresch Bedeitung an der Praxis gëtt valoriséiert a wierkt negativen Aflëss entgéint.

D’Partnerschaft erméiglecht Participanten, Traineren a Mataarbechter um europäeschen Niveau d’Approche “Léieren--Spaass hunn“ ze erfuerschen, ze vergläichen a weiderzëentwéckelen an dëst a spezifesche Léiergruppen.

D’Partner mussen, bedéngt duerch d’Remarquen an d’Kritike vun de Partner, hiert Handelen, d’Ausriichte vun hire kreativen Atelieren iwwerdenken an upassen.

Duerch d’Partnerschaft gëtt e Gefill vun Zesummengehéiregkeet geschaf. Et maache sech nei Horizonten op a vill Neies ka geléiert ginn.

Duerch dëse Projet, duerch seng kontinuéierlech Entwécklung an den Austausch tëschent de Partner, ginn all bedeelegt Persounen iwwert d‘Prioritéiten um europäeschem Plang vum Life Long Learning informéiert, besonnesch déi Partner, déi innovativ Léiermethoden fir marginaliséiert Gruppe uwenden, erfuerschen oder sichen.

 

Luxembourgish