Ziler a Strategien

De Projet erfuerscht Léiertechniken, déi mat verschiddene spillereschen Approchen, versiche Leit aus schutzbedürftege Gruppen ze motivéieren, hir sozial Kompetenzen a praktesch Fäegkeeten ze développéieren, an dem Gefill vu Resignatioun an Apathie entgéint ze wierken.

D’ Partner versammele sech regelméisseg als THINK TANK fir iwwert méiglech Aflëss an Entwécklunge vu  Proposen, abruecht vun de verschiddene Partner, ze diskutéieren. D’Partner schaffen no engem strukturéierte Management-Plang: aus der Analyse vun eegene lokale Kontexter a Spiller entsteet eng Usammlung vu pädagogeschem Material wat  an der Form vun engem Syllabus festgehal gëtt.

De Syllabus ass eng Zesummefaassung vu wäertvollen Erkenntnisser iwwert Ausbildungsfroen betreffend schutzbedürfteg a benodeelegte Persounen, déi genau sou gutt vu Mataarbechter oder „Schüler“ benotzt kënne ginn.

A Séminaire tauschen Traineren, Participanten an Erzéier vun all Organisatioun hir Erfahrungen aus, diskutéieren iwwert Erwaardungen a Methodik.

Luxembourgish