Motivatioun

Fir d’Wichtegkeet vum Léieren a vun der Motivatioun am Grupp besser ze verstoen, denken d’Partner, datt et néideg ass, ee benotzerfrëndlecht a wierksaamt Léierëmfeld ze kreéieren. Dofir benotze si ënnerhaalsam an angenehm pädagogesch Stiler an integréieren individuell a sozialgerecht Methoden. D’Trainere sollen d’Bedeitung vun amüsantem a stimuléierendem Material erkennen.

D’allgemengt Zil vum Projet ass et, ugepasst Trainingsmethoden fir Erwuessener a schutzbedürfteg Gruppen ( schoulesch schwach Persounen, behënnert Leit, Leit mat wéineg Akommes...) ze entwéckelen a si ze motivéieren duerch dës Approche  op aner Weeër ze léieren, an dem Gefill vu Resignatioun entgéint ze wierken.

All Partner denken, datt pädagogesch Spiller, wéi Simuléierungsspiller, Rollespiller, Spiller déi erfuerderen datt Problemer geléist ginn, Witzer, Strategierätsel, Improvisatiounsspiller, Liewensabschnittspiller, Geschichten,  ... dozou beidroen, eng besser an entspaant  Atmosphär ze schafen. Dëst erméiglecht de Participanten nei Kompetenzen ze entwéckelen, déi erfuerdert si fir am normale Liewen an an der Aarbechtswelt eens ze ginn, hiert perséinlecht Léieren ze organiséieren an hir Iddien, hir Erfahrungen an hir Gefiller auszedrécken.

Luxembourgish